NewsMeedche vu 15 Joer wéinst Mord un Hallefbrudder festgeholl

Zu Detmold an Däitschland huet e Meedche vu 15 Joer wuel säin dräijäregen Hallefbrudder ëmbruecht.

Leschten Update: 08.11.2019, 15:03:44

© Eldoradio

Zu Detmold an Däitschland soll e 15 Joer aalt Meedchen säin dräijäregen Hallefbrudder ëmbruecht hunn. Nodeems e Riichter en Haftbefeel géint d'Meedchen ausgeschwat hat, konnt dëst en Donneschden Owend no enger stonnelaanger Flucht festgeholl ginn.

Hatt soll säin Hallefbrudder e Mëttwoch Owend mat 28 Messerstéch ëmbruecht hunn. Den Ermëttler no hätt d'Meedchen a schwierege familiäre Verhältnisser gelieft an eng déif Antipathie géint säin Hallefbrudder entwéckelt.

D'Meedche streit d'Dot net of an hält sech och selwer fir d'Täterin. Allerdéngs seet hatt, dass et sech net méi kéint drun erënnere, wat zum Zäitpunkt vun der Dot genee geschitt ass.