NewsBrandstëftung no Feier a Veräinshaus net ausgeschloss

An der Nuecht op e Freideg huet et an engem Veräinshaus bei Rëmeleng gebrannt. Brandstëftung gëtt net ausgeschloss.

Leschten Update: 08.11.2019, 16:54:30

© Facebook CIS Rumelange

Géint 2 Auer an der Nuecht op dëse Freideg ass der Police e Feier op engem Feld an der Géigend vun der N33 bei Rëmeleng gemellt ginn. Wéi sech erausgestallt huet, war et d'Veräinshaus vum Bou-Club, dat gebrannt huet.

Wéi et heescht stoung net just de Chalet komplett a Flamen. Ënnert anerem hat d'Feier op e Container, an deem héich brennbar Material wéi Bensin a Gasfläsche stockéiert goufen, iwwergegraff.

D'Feier war no 2 Stonnen ënner Kontroll. De Parquet ass informéiert ginn, well Brandstëftung aktuell net ausgeschloss gëtt.