News657 Krankentransporter goufen net rembourséiert

Zënter der Reform vun de Rettungsdéngschter hunn d'Krankekeese keng Rechnunge méi fir Transporter, déi duerch de CGDIS gemaach goufen, rembourséiert.

Leschten Update: 08.11.2019, 18:11:10

© Eldoradio

Duerch d'Schafe vum CGDIS lescht Joer hunn d'Virschrëfte geännert a sinn deemno ongülteg ginn. Riets geet vu 657 net rembourséierte Rechnungen.

Dat geet e Freideg aus enger parlamentarescher Äntwert vun den zoustännege Ministeren op eng Fro vum Deputéierte Léon Gloden ervir.

D'Gesetz muss elo ugepasst ginn an d'Modifikatioune wäerten den 1. Januar 2020 a Kraaft trieden, esou d'Ministere weider.

PDF / Hei d'parlamentaresch Fro mat der Äntwert!