NewsKierchbierg: 1 Blesséierte bei Kollisioun tëscht Auto a Bus

3 weider Blesséierter goufen et bei Accidenter op der A4 an zu Rodange.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:18:04

© Eldoradio

Ewéi de CGDIS mellt goufen et um Freiden Owend 4 Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen:

Géint 19h30 waren am Rondpoint Serra um Kierchbierg an der Stad en Auto an e Bus anenee gerannt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

Kuerz no 19h30 gouf et op der Escher A4 an Direktioun Esch eng Kollisioun tëscht 2 Autoe bei der eng weider Persoun blesséiert gouf.

2 weider Blesséierter gouf et ewéi um 21h35 zu Rodange an der Lonkecher Strooss 2 Autoen anenee gerannt sinn.