News3 Doudeger bei Feier an Australien

1300 Pompjeeë kämpfen an Australien géint eng ronn 100 Vegetatiounsbränn. 3 dovunner sinn um Samschden nach net ënner Kontroll.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:17:44

© PETER PARKS / AFP

Bei schroe Vegetatiounsbränn an Australien si mëttlerweil 3 Mënsche gestuerwen an 30 goufen der blesséiert. Eng Partie Mënsche ginn nach vermësst. Iwwerdeems goufen op d'mannst 150 Haiser duerch d'Flamen zerstéiert. Den Ament kämpfen an Australien 1300 Pompjeeë géint eng ronn 100 Vegetatiounsbränn vun deenen der 3 um Samschden nach net ënner Kontroll sinn. Den australesche Premier Scott Morrison geet iwwerdeems dovun aus, dass d'Zuel vun den Doudegen nach weider klamme wäert. 

D'Konditiounen ënnert deenen d'Pompjeeë schaffen, gi vun dësen als schwiereg a geféierlech beschriwwen. D'Feiere géingen sech de Moment esou séier weider ausbreeden, dass een net bei alleguerten d'Leit, déi Hëllef bräichten, hätt kéinte kommen. Verschidde Mënsche kruten dowéinst matgedeelt, dass et ze spéit wier fir si ze evakuéieren. Si sollten sech a Schutz bréngen an ofwaarden.