NewsObligatoresch Coursen iwwert de Klimawandel an Italien

An Italien sollen d'Schüler vun alle Lycéeë vum September d'nächst Joer un iwwert de Klimawandel ënnerriicht ginn.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:17:07

© Marco BERTORELLO / AFP

An Italien soll vum September 2020 un de Klimawandel an alle Lycéeën obligatoresch ënnerriicht ginn. Den italieneschen Educatiounsminister Lorenzo Fioramonti plangt dofir eng Stonn Cours pro Woch an. An enger éischter Phas sollen d'Schüler am Kader vun anere Coursen, ewéi zum Beispill der "éducation civique" oder der Geographie, iwwert de Klimawandel ënnerriicht ginn.

Den Inhalt vun de Course soll dobäi dem Alter vun de Schüler ugepasst ginn. Déi méi jonk Schüler tëscht 6 an 11 Joer, kéinten sech zum Beispill mat verschiddene Kulturen an deenen hirer Relatioun zur Ëmwelt beschäftegen.

Méi al Schüler géingen éischter technesch Informatioune kréien an am Lycée kéint een sech da mat den Ziler fir Nohaltegkeet vun de Vereenten Natioune beschäftegen.