NewsUSA: Méigleche Grond fir Dout duerch E-Zigarette fonnt

En Ueleg, deen aus Vitamin E gewonne gëtt, war wuel den Ausléiser fir eng Longekrankheet vun där 2000 Mënsche betraff waren.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:16:04

© www.pexels.com

Nodeems an den USA 2000 Mënschen nom Fëmme vun elektroneschen Zigaretten eng Longekrankheet kruten un där 39 vun hinne gestuerwe sinn, geet een elo dovun aus, de Grond fir dës Krankheet fonnt ze hunn. Ewéi et vun den zoustännegen Autoritéiten heescht, wier en Ueleg, deen aus Vitamin E gewonne gëtt, den Ausléiser vun der Krankheet.

Réckstänn vun dësem Ueleg wier an de Longe vun alle 29 Patienten, déi bis elo ënnersicht goufen, nogewise ginn. Den zoustännegen Autoritéiten no wier dës Erkenntnis en Duerchbroch. Bis elo wiere keng aner Gëftstoffer bei den ënnersichte Patiente fonnt ginn.

Allerdéngs missten nach ofschléissend Tester gemaach ginn, éiert een definitiv confirméiere kéint, dass den Ueleg den definitive Grond fir d'Krankheet ass.