NewsFacebook reagéiert op Virwërf vu Rassendiskriminatioun

Nodeems schwaarz Mataarbechter sech an engem anonymme Post beschwéiert hunn, huet d'Entreprise sech entschëllegt.

Leschten Update: 09.11.2019, 12:01:40

© Brendan SMIALOWSKI / AFP

Nodeems op Facebook e Post verëffentlecht gouf, andeem schwaarz Mataarbechter vu Facebook sech iwwer eng ongerecht Behandlung beschwéieren, huet déi amerikanesch Firma sech ëffentlech entschëllegt. Keng Persoun déi bei Facebook schafft sollt esou eppes erdroe mussen heescht et vun engem Porte Parole. Am Post goung ënnert anerem riets vun enger Kultur an der all Persoun déi net wäiss wier Angscht hätt hir Aarbecht ze verléieren, wann si op Mëssstänn an der Entreprise géing hiweisen.