NewsDrogendealer an der Stad festgeholl

An der Stad goufen 2 Drogendealer festgeholl. Iwwerdeems goufen eng Partie Führerschäiner agezunn.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:16:09

© Eldoradio

Géint 18h00 e Freiden Owend waren enger Patrull an der rue Glesener an der Stad zwou verdächteg Persounen opgefall. Ewéi di zwou Persoune kontrolléiert goufen, huet sech erausgestallt, dass d'Openthaltsgeneemegung vun engem vu de Männer ofgelaf war. Well d'Beamten de Verdacht haten, dass hien Droge verkafe géing, krut hien am Spidol de Mo gescannt. De Mann hat 9 Bulle mat Kokain am Mo. Op Uerder vum Parquet koum hie virun den Untersuchungsriichter.

Géint 23h40 war enger weiderer Patrull e Mann an der Bouneweger Strooss opgefall. Ewéi d'Beamten hie kontrolléiert hunn, huet dëse sech verdächteg verhalen an eppes erof geschléckt. Ewell d'Beamten de Verdacht haten, dass de Mann Droge bei sech hätt, gouf hien duerchsicht. Dobäi konnten d'Beamte 14 Bulle mat Kokain sécherstellen. Doropshi koum de Mann fir e Scann an d'Spidol. Dobäi koum eraus, dass hien 12 weider Bulle mat Kokain a sengem Kierper hat. Och dëse Mann koum virun den Untersuchungsriichter.

Iwwerdeems huet d'Police eng Partie Führerschäiner agezunn, an 2 Autoe confisquéiert:

An der Stad an der Prager Strooss gouf eng Persoun erwëscht déi trotz engem Fuerverbuet, dee géint si verhaange gi war, alkoholiséiert mam Auto ënnerwee war. Den Auto vun der Persoun gouf confisquéiert.

Zu Bouferdeng an der Lëtzebuerger Strooss war eng Persoun alkoholiséiert mam Auto vun der Aarbecht ënnerwee. Hire Führerschäi gouf agezunn.

An der rue de Hamm an der Stad war eng Persoun trotz Fuerverbuet mam Auto ënnerwee. D'Beamten hunn den Auto vun der Persoun confisquéiert.

Zu Dikrech ass e Mann mat sengem Auto an 2 geparkten Autoe gerannt an duerno fortgefuer. D'Police konnt hie bei sech doheem untreffen. De Permis vum Mann gouf agezunn.

Um Kierchbierg an der rue Lavande krut eng Persoun de Führerschäin ofgeholl nodeems si alkoholiséiert mat hirem Auto accidentéiert war.

An der rue du Bouillon an der Stad war enger Patrull e Chauffer wéinst sengem Fuerstil opgefall. Den Alkoholtest war positiv. Och hei gouf de Permis agezunn.