NewsFrankräich: Gedenkfeier fir d'Affer vum Terrorismus

D'Gedenkfeier fir d'Affer vum Terrorismus a Frankräich gëtt elo all Joer den 11. Mäerz gefeiert. Dat geet e Samschdeg aus engem neien Dekret ervir.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:13:39

© THOMAS SAMSON / AFP

Déi nei jäerlech national Gedenkfeier fir d‘Affer vum Terrorismus gouf fir den 11. Mäerz festgesat. Dat geet aus engem Dekret ervir. Am Ufank vum Joer hat de franséische President Emmanuel Macron annoncéiert, datt vill Famillje vun den Affer esou een Dag ugefrot haten. Déi éischt Zeremonie gëtt also fir den 11. Mäerz 2020 geplangt. Dës Annonce kënnt 4 Deeg virum 4. Gebuertsdag vun den Terroruschléi zu Paräis.