News1 Doudege bei Brand a Foyer fir handicapéiert Leit (F)

Am Norde vu Frankräich ass an der Nuecht op e Samschdeg eng Persoun bei engem Brand an engem Foyer fir handicapéiert Leit ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:12:55

© dpa AFP Archiv Hauke-Christian Dittrich

Zu Villeneuve d’Ascq am Norde vu Frankräich koum et an der Nuecht op e Samschdeg zu engem Brand an engem Foyer fir handicapéiert Leit. Kuerz viru 5 Auer goufen d’Pompjeeë geruff. Eng Persoun ass ëm d’Liewe komm an eng aner gouf schro blesséiert. Am Ganzen hunn 84 Persounen an dësem Foyer gewunnt. D’Ursaach vum Brand ass nach net gewosst. De Parquet vu Lille ermëttelt elo.