NewsAuto rennt a Bam tëscht Useldeng a Bëschdref

Wéi de CGDIS matdeelt ass e Samschdeg de Mëtteg een Auto tëscht Useldeng a Bëschdref an ee Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:12:31

© CGDIS

De CGDIS mellt e puer Accidenter déi e Samschdeg de Mëtteg geschitt sinn. Um CR116 tëscht Useldeng a Bëschdref ass en Auto géint géint 13h30 an ee Bam gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der N15 tëscht Feelen an Heischent koum et géint 14h30 zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion. Zwou Persoune goufen dobäi verwonnt.