NewsProminente russeschen Historiker ënner Mordverdacht

De bekannten Unisprofesser ass festgeholl ginn. A sengem Rucksak sollen zwee weiblech Äerm an eng Pistoul fonnt gi sinn.

Leschten Update: 10.11.2019, 16:12:18

© pexels.com

E bekannte russeschen Historiker an Unisprofesser soll eng fréier Studentin ëmbruecht hunn. Den 63-Järege gouf zu Sankt Péitersbuerg festgeholl, nodeems hien an e Floss gefall ass. Hie stoung ënner Alkoholafloss. A sengem Rucksak goufen zwee weiblech Äerm an eng Pistoul fonnt. Hie soll versicht hunn dës an de Floss ze geheien. De russesche Medien no soll d’Läich vun der Studentin an der Wunneng vum Historiker fonnt gi sinn.