
© Screenshot YouTube
Konkret fuerdert si, datt de Premier Xavier Bettel den Ethik-Comité aberifft, dat fir an der Affär ëm d'Mail un de Stater Geschäftsverband. Et geet awer och ëm eng Locatioun op der Plattform Airbnb, vun där si Proprietärin ass, Kloerheet ze bréngen.
De Comité soll d'Diskussiounen "objektivéieren" an datt domat déi parteipolitesch a perséinlech Attacken ophalen, esou d'Ministesch weider. De Comité soll decidéieren, ob d'Corinne Cahen an hirer Roll als Ministesch géint den Deontologieskodex fir Regierungsmembere verstouss huet.
Gudde Moien,
— Corinne Cahen (@CorinneCahen) November 11, 2019
Hei ass e Bréif, deen ech de Moien un de Premier geschéckt hunn, an der Hoffnung d’Diskussiounen ronderëm mäi Mail vum 11. Abrëll 2019 ze objektivéieren.
Ech hoffen, dass d’Politik nees dee richtegen Toun fënnt am Ëmgank mateneen.
Léif Gréiss,
Corinne pic.twitter.com/UiSQUL1GXs