NewsSchwéiert Äerdbiewen am Südoste vu Frankräich

D'Biewen an der Géigend vu Montélimar hat eng Stäerkt vu 5,4. D'Vibratioune waren an der ganzer Regioun ronderëm ze spieren.

Leschten Update: 11.11.2019, 14:21:55

© GoogleMaps

E schwéiert Äerdbiewe gouf et de Méindeg de Mueren am Südoste vu Frankräich. D'Biewen an der Géigend vun der Stad Montélimar hat dem franséische Seismologie-Institut BCSF zu Stroossbuerg no eng Stäerkt vu 5,4 op der Richterskala.

D'Vibratioune waren och nach a Groussstied wéi zu Montpellier an zu Lyon ze spieren, esou d'AFP.

Wéi et weider heescht goufe 4 Persoune beim Biewe blesséiert, eng dovu méi schwéier. Deemno soll d'Affer zu Montélimar ënnert eng Stee, déi ëmgefall ass, gerode sinn.