NewsCSSF warnt viru falsche BCEE-Reklammen op Facebook

Nieft falsche Reklamme vun der Spuerkeess op de soziale Medie warnt d'CSSF och virun enger Entreprise, déi hei zu Lëtzebuerg net zougelooss ass.

Leschten Update: 11.11.2019, 16:26:36

© Eldoradio

D'Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur warnt de Moment viru falscher Publicitéit op Facebook. Deemno ginn do Fotoe vun Agence vun der Spuerkeess benotzt, fir esou Finanz- an Investissementsofferen, wéi z.B. Prête fir Privatpersounen op de soziale Medien unzebidden.
Vun der CSSF heescht et awer, dass d'Spuerkeess näischt mat deene Sitten ze dinn huet an dass d'Fotoen ouni Erlaabnis genotzt ginn.

Weider gëtt och virun enger Entreprise gewarnt, déi um Site e-fininvest.com hir Servicer ubitt. Dës ass zu Lëtzebuerg net zougelooss.


Hei d'Communiquéë vun der CSSF:

La CSSF attire l’attention du public sur le fait que des photos d’agences de l’établissement de crédit de droit luxembourgeois Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat Luxembourg, dûment agréé, sont utilisées frauduleusement sur les réseaux sociaux de type « facebook » dans des publicités pour des offres de financement et d’investissement, dont notamment l’octroi de crédits à des personnes privées. Il est à souligner que la Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat Luxembourg n’a aucun lien avec les sites frauduleux en question.

La Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) met en garde le public à l’égard du site Internet www.e-fininvest.com où une entité, qui prétend être établie à 12, rue Erasme, L-1468 Luxembourg, offre des services d’investissement.
La CSSF informe le public que cette entité ne dispose d’aucun agrément pour la prestation de services d’investissement ou d’autres services financiers au ou à partir du Luxembourg.