NewsFra a Mann mat geklauter Kreditkaart erwëscht

An engem Supermarché um Lampertsbierg haten eng Fra an e Mann probéiert mat enger geklauter Kreditkaart ze bezuelen. Dat war awer schif gaangen.

Leschten Update: 11.11.2019, 18:00:59

© Eldoradio

Wéi d'Police mellt hunn de Sonndeg an der Mëttesstonn zwou Persoune probéiert mat enger geklauter Kreditkaart an engem Supermarché um Lampertsbierg ze bezuelen. Wéi dat net geklappt huet an dat ganzt der Police gemellt gouf hunn déi zwee sech duerch d'Bascht gemaach.
Ma si konnte vun enger Patrull gepëtzt ginn.

De Mann an d'Fra hunn sech zwar gewiert, ma um Enn konnte si mat op de Policebüro geholl ginn, do gouf och de geklaute Portmonni fonnt.

Well déi zwee och nach ze vill gedronk hate goufe si an d'Ausniichterungszell bruecht an eng Plainte gouf gemaach.