NewsVideo: Fliger vun American Airlines rutscht vu Landepist

De Fliger war wéinst dem ville Schnéi bei der Landung vun der Pist an d'Wiss gerutscht an dunn ëmgetippt. Et ass kengem eppes geschitt.

Leschten Update: 12.11.2019, 00:22:24

© Screenshot Twitter Andrea Blanford

Wéi verschidden US-Medie mellen ass de Méindeg de Muere Lokalzäit op der Landepist um Fluchhafen O'Hare zu Chicago e Fliger vun American Airlines no staarkem Schnéifall vun der Landepist gerutscht.

An engem Video ass ze gesinn, wéi de Fliger lant an sech da queesch stellt.





Um Enn tippt d'Maschinn ëm a beréiert mam Flillek de Buedem. Wéi et heescht ass awer kengem Passagéier eppes geschitt.