News4 presuméiert Abriecher mat geklautem Won festgeholl

Déi dräi Männer an eng Fra gi verdächtegt fir eng ganz Rëtsch Abréch de Méindeg responsabel ze sinn. Si ware mat engem zu Berlin geklaute Van ënnerwee.

Leschten Update: 19.11.2019, 13:28:16

© Pixabay

An der Rue de la Sapinière um Briddel war géint 16.20 Auer de Méindeg an en Haus agebrach ginn. Wéi d'Alarmanlag ugaangen ass, sinn 3 jonk donkel gekleete Persoune beobacht ginn, déi fortgelaf sinn.

Duerno ass e Van mat däitsche Placken opgefall, deen sech a Richtung Rollengergronn duerch d'Bascht gemaach huet.

No enger Sichaktioun konnt deen an enger Cité zu Ollem gestoppt ginn. 4 Verdächteger, 3 Männer an eng Fra, goufen dorops hin festgeholl. Am Won goufe Suen, Bijouen a Geschir fir anzebrieche séchergestallt.

Wéi sech am Laf vun den Ermëttlungen erausgestallt huet, war de Won Ufank November zu Berlin geklaut an du mat falsche Placken ausgerëscht ginn.

Weider kënnen Abréch op der Kockelscheier an zu Duelem de selwechten Dag de Verdächtege Persoune méiglecherweis zougeuerdent ginn.