NewsVergewaltegungsvirwërf géint Assange gi fale gelooss

Dem Wikilieaks-Grënner Julian Assange gouf jo Vergewaltegung reprochéiert. Dem Parquet no géifen et awer net genuch Beweiser ginn.

Leschten Update: 19.11.2019, 14:46:37

© DANIEL LEAL-OLIVAS / AFP

Déi schwedesch Justiz huet d'Enquête géint de Wikileaks-Grënner Julian Assange wéinst Vergewaltegung fale gelooss. Dat huet de Parquet zu Stockholm den Dënschdeg matgedeelt.

Deemno géifen et net genuch Beweiser ginn, fir den Assange kënnen ze veruerteelen.