NewsSënn an Zweck vu bloe Luuchte bei Konvoien

Eskorten, sief et fir de groussherzoglechen Haff oder d'Regierung, fuere schonn emol mat bloe Luuchten, awer net onbedéngt, fir séier weider ze kommen.

Leschten Update: 19.11.2019, 17:54:04

© Eldoradio Archiv

Ass d'Regierung der Meenung, dass d'Autoe vun der Exekutiv an engem Police-Konvoi et och ouni blo Luuchten duerch den Trafic packen, wa si mat Zäite fortfueren? Dat wollt den Deputéierte Marc Goergen vum Minister François Bausch wëssen.

Wéini a wéi ee Gefier mat bloe Luuchte fueren dierf, ass festgeluecht, esou de Minister. Fiert awer e Police-Convoi an enger zouener Unitéit iwwert eng Kräizung an huet zum Beispill keng Virfaart, besteet d'Gefor, datt de Convoi gespléckt gëtt. Well dat awer eng Gefor fir d'Sécherheet duerstelle kéint, 
wëll een dat mat bloe Luuchten evitéieren.

Decidéiere mécht bei enger Eskort vum groussherzoglechen Haff d'Police-Unitéit, déi d'Eskort leet. Sinn et Regierungsautoen, läit d'Decisioun beim Chauffer, deen och e Polizist ass. Och wann d'Autoe séier vun A op B musse kommen, muss ee sech un déi virgeschriwwe Reegelen halen. Den Artikel 139 reegelt, wéini sech e Gefier legal iwwert d'Vitesslimitatiounen ewechsetze kann.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert!