NewsDampmelder vum 1. Januar un obligatoresch

Vum 1. Januar 2020 u sinn Dampmelder an all neiem Wunngebai obligatoresch. Fir eeler Wunnenge gëllt eng Transitiounsphas vun 3 Joer.

Leschten Update: 19.11.2019, 22:12:40

© dpa/dpa/picture-alliance/Peter Steffen

Vum 1. Januar u mussen Dampdetekteren an all neier Wunneng installéiert ginn. Dat hunn d'Deputéiert en Dënschdeg de Mëtteg decidéiert.

Wéi d'Chamber matgedeelt huet, gëllt fir méi al Wunnengen eng Transitiounsphas vun dräi Joer. Duerno mussen och dës mat Dampmelder equipéiert sinn.

Den Text gesäit vir, datt all Schlofkummer grad wéi de Fluchtwee mat engem Apparat equipéiert ginn. D'Deputéiert hunn eestëmmeg fir de Gesetzestext gestëmmt.

Hei den Text op der Internetsäit vun der Chamber:
  • Les détecteurs de fumée seront obligatoires

Les détecteurs de fumée devraient être rendus obligatoires pour les nouvelles habitations à partir du premier 1er janvier 2020. Les propriétaires des habitations existantes auront un délai de trois ans pour se mettre en conformité avec cette nouvelle norme. C’est l’objectif du projet de loi 7326 prévoyant l’installation obligatoire de détecteurs autonomes de fumée pour les immeubles comprenant au moins un logement. Le texte prévoit que chaque chambre d’une habitation soit obligatoirement équipée d’un détecteur individuel, tout comme le chemin d’évacuation, compris le couloir. Le projet de loi a été adopté à l'unanimité.