NewsChauffer iwwersäit Policepatrull a 4 rout Luuchten

Eng Policepatrull hat et an der Nuecht op e Mëttwoch an der Stad mat engem Chauffer ze dinn, deem d'Reegelen op der Strooss net all ze vill bedeit hunn.

Leschten Update: 20.11.2019, 11:00:09

© Eldoradio

Géint hallwer zwou stounge si op der Kräizung vum Boulevard Royal mat der Avenue Monterey, wéi op eemol en Auto laanscht d'Beamten duerch d'rout Luucht gefuer ass. De Chauffer ass ongehënnert weider gefuer an huet dobäi nach 4 mol d'Luuchten ignoréiert.

Eréischt an der Avenue de la Liberté konnt de Won du mat Hëllef vun der Siren an de bloe Luuchte gestoppt ginn.

Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi fort.