NewsDéif klaue Wueren am Wäert vun iwwer 1'000 Euro

D'Männer waren opgefall, well se sech verdächteg verhalen hunn. An effektiv goufen nieft Wueren och eng gréisser Zomm Sue bei hinne fonnt.

Leschten Update: 20.11.2019, 15:19:00

© Eldoradio

De Méindeg goufen zwee Männer zu Bartreng an engem Akafszenter op frëscher Dot gepëtzt, wéi se mat Wueren, déi se net bezuelt haten duerch d'Keess wollte goen.

D'Sécherheetspersonal war wéinst dem verdächtege Verhalen op d'Männer opmierksam ginn an huet d'Police geruff. Bei de Männer goufe Wueren am Wäert vun 1'100 Euro, Handyen a gréisser Zomme Boergeld fonnt. Dës goufe séchergestallt an d'Männer goufe festgeholl.