
© Eldoradio
Den neie Bestëmmunge vu Ryanair no dierf ee jo en zweet Gepäck-Stéck mat engem maximale Gewiicht vun 10 Kilo just beim "Priority"-Tarif mat an de Fliger huelen. D'Fra hat an deem heite Fall awer "Standard" gebucht. Bei dësem Tarif duerf just nach eng kleng Posch gratis mat an de Fliger geholl ginn.
D'Riichterin huet erkläert, datt déi nei Richtlinne vu Ryanair weder mam spuenesche Gesetz nach mat den europäesche Richtlinne vereenbar wieren.