NewsGoogle a Facebook menacéiere Mënscherechter

Amnesty International geheit de groussen Internet-Entreprise Google a Facebook vir, mat hirem Geschäftsmodell d'Mënscherechter ze menacéieren.

Leschten Update: 21.11.2019, 08:06:23

© DENIS CHARLET / AFP

Amnesty International gesäit am Geschäftsmodell vu Google a Facebook eng Gefor fir d‘Mënscherechter. D’Organisatioun fuerdert d’EU op ze handelen.

Genee sou wéi Regierungen d’Rechter vun der Bevëlkerung op Iessen, Kleeder an Ënnerkonft garantéiere mussen, sollt d'EU och dem onkontrolléiertem Iwwerwaachungs-Kapitalismus an der Datenausbeutung een Enn ze setzen, esou de Generalsekretär vun Amnesty Däitschland. Google a Facebook géingen déi wichtegst Kanäl kontrolléieren, iwwert déi Milliarde vu Mënschen den Internet notzen.

Amnesty no notzen all Mount 2,8 Milliarde Mënsche weltwäit ee Facebook-Déngscht. Méi wéi 90 Prozent vun all de Leit déi a Internet no eppes sichen, maachen dat via Google.