NewsGoogle-Datenzenter fréistens 2023 operationell

Den Impuls fir de Bau vun engem Google Datenzenter zu Biissen wier vu Lëtzebuerg ausgaangen. Dat hunn déi Responsabel vu Google um Donneschden matgedeelt.

Leschten Update: 22.11.2019, 19:50:14

© Eldoradio

En Datenzenter, ass einfach ausgedréckt näischt aneschtes ewéi e grousst Gebai an deem Servere stinn. Dës Serveren si mam Internet verbonnen an erlaben et esou dass déi verschidde Servicer déi Google sengen Notzer ubitt och funktionéieren, ewéi de Frederic Descamps, technesche Responsabele vum Google Datenzenter bei Mons an der Belsch, erkläert.

Wann alles esou geet, ewéi geplangt, soll esou en Datenzenter zu Biissen entstoen. Definitiv ass dat awer nach net, ewéi de Fabien Viseau, dee bei Google ënnert anerem fir d'Lokalisatioun vun den Datenzenteren an Europa responsabel ass, en Donneschden am Kader vun enger Pressekonferenz, betount huet. Et géingen duerchaus Fäll ginn, an deenen den Datenzenter net op Lëtzebuerg géing kommen.

© Google











Wat den Zäitpunkt ugeet un deem den Datenzenter kéint a Betrib goen, geet ee bei Google dovun aus, dass dëst fréistens 2023 de Fall kéint sinn.


Lauschtert hei de Reportage


Interessant ass och de Fait, dass déi amerikanesch Technologie-Entreprise sech net onbedéngt Lëtzebuerg als Standuert erausgesicht huet, mä dass Lëtzebuerg Google d'Propose gemaach huet hiren Datenzenter hei am Grand-Duché ze bauen. Dobäi wier Lëtzebuerg awer duerchaus interessant fir Google. Dëst virun allem wéinst senger Lag matzen an Europa, awer och wéinst der politescher an ekonomescher Stabilitéit.

Schliisslech wier een sech bei Google bewosst, dass d'Konstruktioun an d'Bedreiwe vun engem Datenzenter ëmmer en Impakt op d'Ëmwelt hätten. Et géing een awer aktiv dru schaffen, fir dësen Impakt esou geréng ewéi méiglech ze halen. Esou géingen d'Datenzentre vu Google den Ament siwe mol manner Stroum verbrauchen, ewéi nach viru 5 Joer an et géing een sech beméien esou vill ewéi méiglech Stroum aus erneierbaren Energië fir seng Datenzenteren ze notzen.