Déidlechen Tëschefall um KnuedlerEt ginn de Moment méi Froe wéi Äntwerten

Et huet een de Moment méi Froe wéi Äntwerten, dat sot Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Méindeg den Owend nom déidlechen Accident um Knuedler.

Leschten Update: 26.11.2019, 08:29:35

© Eldoradio

Nom déidleche Virfall e Sonndeg den Owend gouf eng Enquête an d'Weeër geleet. Ermëttelt gëtt wéinst onfräiwëllegem Doutschlag, esou huet de Parquet géintiwwer Eldoradio e Méindeg confirméiert. Beim Kand soll et sech dem Parquet no ëm een 2-järege Jong handelen.

Deemno war de Sonndeg géint 20 Auer nieft der Schlittschongspist um Knuedler éischten Erkenntnisser no eng Äisskulptur gebrach. Stécker hunn ee klengt Kand getraff.

De Jong vun 2 Joer gouf esou schwéier blesséiert, dass hien an der Ambulanz verstuerwen ass.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police, wéi och de Parquet waren e Sonndegowend op der Plaz. De Méindeg den Owend hunn dunn d'Stater Responsabel Stellung zum Accident geholl.

© Police


Skulptur war den Dag selwer opgeriicht ginn

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet vun engem vun deenen trauregsten Evenementer fir d'Stad Lëtzebuerg geschwat

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer

D’Skulptur wier iwwerdeems den Dag selwer geliwwert an opgeriicht ginn. D’Firma déi dofir zoustänneg war, hat schonn 3 Mol mam LCTO zesummegeschafft a vill international Präisser kritt, esou de President vum LCTO Marc Angel.

De Marc Angel vum LCTO

D’Skulptur war och geduecht fir participativ benotzt ze ginn, d.h. et konnt een sech drop setzen a Fotoe maachen. Déi komplett Struktur war 2,50 Meter grouss an 2,2 Tonne schwéier. Et sollt also näischt extra ofgespaart ginn.

© Eldoradio


Police a Rettungsdéngschter ware séier op der Plaz

D’Kand war 2 Joer an 10 Méint al a wier relativ direkt u senge Blessure gestuerwen. D’Police wier och direkt op der Plaz gewiescht, d'selwecht wéi de CGDIS an d’Sécherheetsfirma déi d’Stad ugestallt hat. Ganz séier wier dann e Sécherheetsperimeter opgestallt an de Knuedler groussraimeg ofgeséchert ginn.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer

Méi Froe wéi Äntwerten

Vun der Buergermeeschtesch huet et geheescht, dass et wichteg wier, fir esou séier wéi méiglech d’Ursaach vun deem trageschen Tëschefall erauszefannen. Et hätt een am Moment méi Froe wéi Äntwerten. D’Eltere goufen nom Tëschefall vun der Gemeng a vum Support Psychologique encadréiert. An esou schreckleche Momenter wier et awer onméiglech d’Elteren ze tréischten.

Nach eemol hunn d’Gemeng an den LCTO hiert déifste Matgefill ausgedréckt.

Police erënnert un Zeienopruff

D’Myriam Meyer vun der Police huet nach un den Zeienopruff erënnert. Jiddereen deen eppes gesinn huet oder während dem Dag gefilmt oder fotograféiert huet soll sech bei der Police mellen. 

D'Myriam Meyer vun der Police

Leit, déi Indicen iwwert de Verlaf vum trageschen Accident hunn, sollen sech bei der Stater Police (Tel.: 244404500) oder um 113 mellen.





Links