NewsEng eenzeg an neutral Steierklass

D'Petitioun 1188 krut ronn 6.800 Ënnerschrëften, also genuch fir konnten an der Chamber debattéiert ze ginn.

Leschten Update: 25.11.2019, 16:09:23

© Eldoradio

De Méindeg de Mëtteg gouf an der Chamber d'Petitioun diskutéiert, déi sech fir eng Reduktioun vun de Steiere fir Jonggesellen asetzt. Vum Petitionaire Giancarlo Sartori huet et geheescht, dass et hei net géif drëms goen, fir géint déi Leit ze goen, déi an der Steierklass 2 sinn. Et géif eleng drëms goen, fir den defavorabelen Ecart tëscht de Jonggesellen a bestuete Koppele méi kleng ze maachen.

Dem President vun der Finanz- a Budgetskommissioun, André Bauler no, géif et effektiv kee Grond méi fir dësen Ënnerscheed ginn an och de Finanzminister Pierre Gramegna war der Meenung, dass dës Steierform net méi an eis Zäit géing passen. An deem Sënn géif ee jo schonn un enger Steierreform schaffen, déi kee méi géif penaliséieren.





Esou soll et duerno just nach eng Steierklass ginn, déi net méi tëscht bestuete Koppelen, tëscht Liewenspartner oder tëscht Jonggesellen ënnerscheet. Dëst wier awer duerchaus keng revolutionär Steierreform, géif et esou Modeller jo schonn am Ausland ginn. Dat eenzegt, wat dann nach géif ziele, wier de Revenu vun den eenzele Persounen, esou de Finanzminister nach.

Wéini ee mat dëser Reform rechne kann, dat huet de Minister iwwerdeems net gesot, ma d'Aarbechte géife lafen an et géif een och schonn Diskussioune mat de verschiddenen Acteure féieren.