NewsKlimaschutz an Aarbechtsplaze wichtegst Theme fir EU-Bierger

Fir d'EU-Bierger sinn Ëmweltschutz an Aarbechtsplazen enger Etüd no de Moment déi wichtegst Themen.

Leschten Update: 27.11.2019, 07:29:36

De Klimastreik de 15. Mäerz 2019 hei zu Lëtzebuerg. © Eldoradio

Géif et der europäescher Bevëlkerung no goen, da misst déi nei EU-Kommissioun virun allem den Ëmweltschutz op hiren Agenda setzen. Dat geet e Mëttwoch aus der representativer Ëmfro "Eupinions" vun der Bertelsmann Stëftung ervir.

40% vun 12.000 befrote Leit hunn dat Thema mat Ofstand als héchste Prioritéit genannt. D'Bierger missten iwwerzeegt ginn, datt eng gemeinsam europäesch Politik och e Méiwäert géif schafen. Dat sot d'Leederin vun der Etüd.

Op Plaz 2 stinn Aarbechtsplazen, op 3. Plaz da sozial Sécherheet.