NewsVon der Leyen: 1 Billioun Euro fir de Klimaschutz

D'Ursula von der Leyen huet de sou genannten European Green Deal zu engem vun de wichtegsten Themen vun hirer Amtszäit erkläert.

Leschten Update: 28.11.2019, 04:52:38

© FREDERICK FLORIN / AFP

Déi nei EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet d’Käschte fir d’Bekämpfe vum Klimawandel wärend hirer Legislaturperiod mat enger Billioun Euro benannt. D’Sue sollen aus dem EU-Budget, vun de Memberstaaten an aus dem Privatsecteur kommen, esou d’von der Leyen géintiwwer dem ZDF. Beim Kampf géint de Klimawandel wier et wichteg, dass een op europäeschem Niveau weist, dass et viru muss goen. Europa wier de Moment ee Virbild weltwäit. Bis 2050 wëll si d’EU klimaneutral maachen.