NewsFäll vu Bedruch bei Parkautomaten

E Samschdeg Moie gouf eng Fra an der Stad beim Parkautomat bedrunn. Onéierlecher hunn hir Kaart geklaut an domat bezuelt. 2 weider Fäll goufe gemellt.

Leschten Update: 01.12.2019, 16:41:42

© Police

De Samschdeg Moie gouf eng Fra bei engem Parkautomat an der Stad Affer vun engem Bedruchsfall.

Wéi d'Police schreift, gouf eng Fra géint 10.30 Auer an der avenue Jean-Pierre Pescatore vun enger Koppel ofgelenkt. Dës hunn hir Bankkaart geklaut an duerno onerlaabte Bezuelungen domat gemaach.

Déi Onéierlech haten der Fra gesot, de Parkautomat géif keng Mënz unhuelen, si sollt dowéinst mat der Kaart bezuelen. Si hunn de Code gekuckt an duerno d'Kaart geklaut.

Am Laf vu Moie goufen zwee weider Bedruchsfäll op dës Aart a Weis gemellt. D'Police réit an deem Kontext, opmierksam ze sinn. Et sollt een de Code beim Aginn ëmmer mat der Hand verdecken. Sollt en Automat d'Kaart net méi zréck ginn, réit d'Police, d'Kaart spären ze loossen. 

Weider Sécherheetstipps fannt Dir um Site vun der Police.  


Links