NewsZeienopruff: Iwwerfall op eng Bijouterie an der Stad

D'Police sicht no engem Mann, deen e Samschdeg Owend an der Stad an der rue Philippe II eng Bijouterie iwwerfall huet. Hien hat eng Waff dobäi.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:49:36

© Police

Géint 18.15 Auer e Samschdeg huet e Mann an der Stad eng Bijouterie an der rue Philippe II iwwerfall. 

Hien hat eng Waff dobäi, déi hien an der Bijouterie gewisen huet. Wéi eng Waff dat ass, gëtt nach ermëttelt. Nodeems hie Bijoue geklaut huet, ass hien zu Fouss fortgelaf.

Zeien, déi eppes am Zesummenhang mam Mann oder der Dot wëssen, solle sech beim 113 mellen.