NewsMeteolux: Schnéi a Schnéireen um Sonndeg

Meteolux huet fir e Sonndeg eng Schnéiwarnung erausginn. 2 bis 5 cm Neischnéi sinn ze erwaarden, am Norden a Südwesten esouguer bis 8 cm.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:47:19

© Eldoradio

Vigilance Jaune fir Lëtzebuerg e Sonndeg: Meteolux huet fir e Sonndeg eng Schnéiwarnung erausginn. Tëscht 10 an 23 Auer ass mat 2 bis 5 Zentimeter Neischnéi ze rechnen. Am Norden a Südweste kann esouguer bis zu 8 Zentimeter Schnéi falen. 

Grond ass en Déif aus Frankräich, deen deelweis Schnéireen a Schnéi mat sech bréngt. Am Laf vum Moie kommen ëmmer méi Wolleken an domat och méi Schnéi a Schnéireen.

An der Nuecht op e Méindeg soll et manner reenen an d'Temperature kënne bis op -4 Grad falen. Dowéinst opgepasst och e Méindeg op de Stroossen, et gëtt glat! 

© Meteolux / Screenshot Eldoradio