NewsD'EU-Kommissioun huet elo eng nei Cheffin

E Sonndeg ass offiziell dem Jean-Claude Juncker seng Amtszäit als EU-Kommissiounspresident eriwwer. Vun elo un iwwerhëlt déi däitsch Ursula von der Leyen.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:46:46

© AFP

Schonn am Laf vun der Woch war et déi lescht Pressekonferenz fir de Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident. E Sonndeg ass da seng Amtszäit offiziell eriwwer.

Vun elo un ass déi däitsch Ursula von der Leyen Presidentin vun der EU-Kommissioun. D'Ursula von der Leyen iwwerhëlt mat hirem Team eréischt ee Mount méi spéit wéi geplangt, well déi nei EU-Kommissioun eréischt e Mëttwoch vum EU-Parlament ugeholl gouf. 

Och den EU-Rotspresident Donald Tusk gëtt e Sonndeg säin Amt of. A senger Plaz iwwerhëlt elo de Charles Michel aus der Belsch.