NewsMountainbikefuerer déidlech verongléckt

Zu Überherrn (D), knapp 50 km vun der Lëtzebuerger Grenz, ass e Mountainbikefuerer aus Frankräich e Samschdeg déidlech verongléckt.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:45:49

© CANDY WELZ / AFP

Wéi déi däitsch Police matgedeelt huet koum et e Samschdeg zu Überherrn an Däitschland, eng 50 km vun der Lëtzebuerger Grenz, zu engem trageschen Accident. 

E 47-järege Fransous aus dem Département Moselle war mat engem Grupp vu Mountainbike-Fuerer ënnerwee. Wärend der Tour ass hien e Bierg erofgerutscht a knapp 10 Meter an d'Déift gefall. Hie war nach op der Plaz dout, all Hëllef koum ze spéit.