NewsZeienopruff: Brandstëftung zu Réimech/Bech-Klengmaacher

E Samschdeg huet zu Réimech bei der Schwemm en Auto gebrannt. Zwou Stonnen duerno huet och zu Bech-Klengmaacher e Won gebrannt. D'Police sicht no Zeien.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:43:45

© Police

E Samschdeg géint 19 Auer 40 huet eng Fra d'Police geruff, well de viischte Pneu vun engem Liwwerwon um Parking vun der Schwemm zu Réimech gebrannt huet. Op der Plaz huet d'Police festgestallt, datt den Auto niewendrun och beschiedegt gouf. 

Knapp zwou Stonnen drop gouf der Police e weidere Won a Brand gemellt, dat zu Bech-Klengmaacher an der rue de l'Église. Och hei goufen déi Autoen niewendru beschiedegt. 

Blesséiert gouf a béide Fäll keen. D'Police schléisst Brandstëftung net aus a rifft dofir Zeien op, sech bei der Police ze mellen. Verdächteg Persounen oder weider Informatioune si fir d'Police vu Réimech, Tel.: (+352) 244 77 1000.