NewsJohnson schwätzt sech géint fréizäiteg Entloossungen aus

De britesche Premierminister huet sech géint fréizäiteg Entloossungen ausgeschwat. Den Täter vun der Messerattack war jo fréizäiteg aus dem Prisong komm.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:42:43

© POOL/AFP/SIMON DAWSON

De britesche Premierminister Johnson huet sech géint fréizäiteg Entloossungen aus dem Prisong ausgeschwat. Et géif kee Sënn maachen, "wa Mënschen, déi wéinst terroristeschen Dote verurteelt ginn, fréizäiteg entlooss ginn", esou den Johnson bei senger Visitt op der Plaz vun der Messerattack bei der London Bridge vun e Freideg. 

E Freideg war bekannt ginn, datt den Täter, deen zwou Persounen erstach an dräi weiderer blesséiert hat, schonn 2012 wéinst Terrorismus verurteelt gi war. Den 28-Järege hat eng Strof vu 16 Joer Prisong kritt. Allerdéngs gouf hien am Dezember 2018 fréizäiteg entlooss. 

Den Johnson huet e Samschdeg ugekënnegt, déi minimal Strof fir terroristesch Doten op 14 Joer ze hiewen, wann hien d'Wale vum 12. Dezember sollt gewannen.