NewsPolice: 2 Kläppereien an 3 Mol Alkohol um Steier

Zu Esch an an der Stad goufen et Ausernanersetzungen a Caféen. Zu Beetebuerg war en Automobilist mat bal 3 Promill ënnerwee.

Leschten Update: 01.12.2019, 17:41:43

© Eldoradio

E Freideg kuerz viru Mëtternuecht war en alkoholiséierte Mann an engem Café zu Esch mam neie Frënd vu senger Ex-Partnerin unenee geroden. Beim Sträit huet dësen e puer Mol op de Mann agestach. Eng Partie onbedeelegt Gäscht hu sech an de Sträit agemëscht an d'Affer virun de Café bruecht. Ewéi d'Police op d'Plaz koum, si si allerdéngs geflücht. D'Sanitäter vum Rettungsdéngscht hu sech ëm d'Wonne vum Affer gekëmmert. Iwwerdeems hunn d'Beamte vun der Police am Café no der Waff vum presuméierten Täter gesicht. Op Uerder vum Parquet goufen d'Spuere geséchert an et gouf eng DNA-Prouf beim presuméierten Täter geholl.

Wéinst den Ermëttlungen duerfte keng nei Gäscht an de Café eran. E staark alkoholiséierte Mann wollt dat awer net verstoen an huet e puer Mol probéiert an de Café eranzekommen. Well hien ausserdeem haart op der Strooss gejaut huet, gouf hien an den Arrest placéiert.

Um 02h25 e Samschdeg gouf der Police eng Kläpperei tëscht 15 Persounen an a virun engem Café an der rue Notre Dame an der Stad gemellt. Eng éischt Patrull, déi op d'Plaz gefuer ass, huet misse Verstäerkung ufuerderen, well de Sträit weider eskaléiert ass an am Café Still an Dëscher ëmgeheit goufen. Eng Fra, déi sech net berouege wollt an op d'Beamte gespaut huet an eng weider Persoun, déi sech och net berouege wollt, goufen an den Arrest placéiert. Ewéi sech eraus gestallt huet war de Sträit ausgebrach, well d'Gäscht vun enger privater Feier vun den Ugestallte vum Café dorop opmierksam gemaach goufen, dass de Café deemnächst géing zoumaachen.

Weiderhin huet d'Police 3 Führerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn:

E Samschdeg gouf der Police kuerz viru 16h00 en alkoholiséierte Chauffer gemellt, dee säin Auto zu Beetebuerg um Parking vun engem Geschäft géing ofstellen. Ewéi d'Beamten de Mann um Parking ugetraff hunn, huet dësen a sengem Auto bei lafendem Moto mam Handy telefonéiert. Den Alkoholtest huet en Taux vu bal 3 Promill ugewisen. De Führerschäi vum Mann gouf nach op der Plaz agezunn.

Géint 21h00 e Samschdeg krut d'Police en Auto gemellt, deen zu Ettelbréck am Zickzack fuere géing. Ewéi Beamten de Chauffer vum Auto kontrolléiert hunn, huet sech erausgestallt, dass dëse staark alkoholiséiert war. Och hie krut de Permis ofgeholl.

Um 08h00 e Sonndeg gouf der Police e Mann gemellt, deen zu Bäreldeng an der rue du Pont a sengem Auto, bei deem de Moto nach u wier, schlofe géing. D'Police ass op d'Plaz gefuer an huet de Mann erwächt a kontrolléiert. Duerno gouf en Alkoholtest duerchgefouert. Well de Mann staark alkoholiséiert war, gouf säi Führerschäin agezunn.