NewsBedruch bei Parkautomaten: 2 verdächteg Persoune gi gesicht

D'Police huet eng Beschreiwung vun 2 Persoune publizéiert, déi verdächtegt ginn an der Stad mat engem Trick Bancomatskaarte geklaut ze hunn.

Leschten Update: 01.12.2019, 18:01:39

© Eldoradio

E Samschde kruten 3 Persounen hir Bancomatskaart geklaut, ewéi si op verschiddene Plazen an der Stad Parkautomate benotzt hunn. Am Kader vun dëser Affär huet d'Police eng Beschreiwung vun 2 verdächtege Persoune publizéiert. Déi éischt Persoun ass e Mann am Alter tëscht 30 a 35 Joer. Hien ass ëm 1m80 grouss an huet kuerz schwaarz Hoer a kee Baart. Déi aner Persoun ass eng zirka 1m70 grouss Fra mat donkelen, gewellten Hoer. Si hat e wäisse Mantel, e bronge Pullover an eng brong Box un. Allebéid hu Franséisch geschwat.