NewsFestnam bei Verkéierskontroll

Bei enger Pneuen- a Luuchtekontroll hat sech erausgestallt, dass de Fuerer an de Bäifuerer vun engem kontrolléierte Gefier europawäit gesicht goufen.

Leschten Update: 01.12.2019, 18:26:44

© Eldoradio

Am Kader vun enger Verkéierskontroll e Samschden Owend goufen 2 Persoune festgeholl. Géint 17h45 hat d'Police op der Aire de Berchem d'Pneuen an d'Luuchte vun enger Partie Gefierer kontrolléiert. Dobäi hunn d'Beamten och e Bléck op d'Pabeiere vun de Chauffere geworf. Bäi engem vun de Gefierer hunn si festgestallt, dass esouwuel de Fuerer ewéi och de Bäifuerer mat engem europäeschem Haftbefeel gesicht goufen. Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl a koumen e Sonnde Moie virun den Untersuchungsriichter.