NewsOxfam beklot ëmmer méi Klimaflüchtlingen

Klimabedéngte Katastrofe sinn d'Haaptursaach dofir, dass Mënschen zu sou genannte Klimaflüchtlinge ginn.

Leschten Update: 02.12.2019, 05:42:39

© AFP

Klimabedéngte Katastrofen sinn antëscht d’Haaptursaach dofir, dass Mënschen an hirem eegene Land zu sou genannte Klimaflüchtlinge ginn. All Joers gi ronn 20 Millioune Mënschen duerch Klima-Katastrofen aus hiren Haiser verdriwwen. Grënn dofir si Wierbelstierm, Iwwerschwemmungen a Bëschbränn, esou d’Hëllefsorganisatioun Oxfam an hirem neiste Rapport. Doranner gëtt eng extrem Hausse vu klimabedéngte Katastrofen zënter 2012 dokumentéiert.

LINK/ Hei geet et bei de Rapport vun Oxfam