NewsGlatäis op der A7: Accidenter mat 9 Autoen

D'Autobunn A7 war e Méindeg de Mueren e puer Stonne laang tëscht Schieren a Kolmer komplett gespaart, dat a Richtung Stad.

Leschten Update: 02.12.2019, 14:38:04

© Police

Géint 5 Auer 30 e Méindeg waren et op der A7 Richtung Stad op der Héicht vu Schieren 9 Gefierer accidentéiert.

Een Auto war an d'Leitplanke gerutscht, 10 Minutten drop krut e weidert Gefier den éischten Auto ze paken. Am Ganze waren der Police no 6 Autoen an d'Accident verwéckelt. Ma zur nämmlechter Zäit koum et Honnert Meter weider zu engem zweeten Accident mat 3 Gefierer. Wéi d'Police schreift gouf eng Persoun liicht blesséiert. U villen Autoen ass Totalschued entstanen.

D'Autobunn ass bis 8 Auer 45 komplett gespaart ginn, fir datt d'Autoen ofgeschleeft an di aner Chauffere vun der Autobunn gefouert konnte ginn. Well et glat war, gouf och de Streedéngscht op d'Plaz geruff.

© Klautjen


© Klautjen


© Klautjen