NewsFrae protestéiere géint Brëlle-Verbuet op der Aarbecht

A Japan hu Brëlle-Verbueter fir Fraen an e puer Entreprise Protester ausgeléist.

Leschten Update: 02.12.2019, 12:38:32

© Eldoradio

A Japan hu Frae géint ee Brëlle-Verbuet op der Aarbechtsplaz protestéiert. E puer Entreprise soen, d’Gesiicht vun enger Receptionistin géif d’Entreprise representéieren. Do géif ee Brëll nëmme stéieren. Hannert de Protester steet eng Schauspillerin. Si kritiséiert och, dass Fraen op der Aarbecht High Heels mussen undoen.