News70-Järege bei Accident zu Hollerech gestuerwen

E Méindegmuere koum et um Salzhaff zu Hollerech zu engem déidlechen Accident. E 70 Joer ale Mann huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 02.12.2019, 22:42:47

© Police

Wéi d'Police schreift koum et e Méindeg kuerz no 9 Auer zu engem déidlechen Accident um Salzhaff zu Hollerech. E 70 Joer ale Lëtzebuerger aus der Stad krut hei aus bis ewell ongekläerte Grënn d'Leitplanke vun der Ënnerféierung virun der Autobunn ze paken.

Trotz Reanimatiounsmoossnamen ass de Mann nach op der Plaz gestuerwen. De Parquet gouf informéiert an huet d'Spueresécherung vum Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt.

Zwou Fuerbunne ware bis 12 Auer fir de Verkéier gespaart.

© Police