NewsNei grenziwwerschreidend Tariffer vum 1. Mäerz 2020 un

Well den ëffentlechen Transport vum 1. Mäerz 2020 un zu Lëtzebuerg gratis gëtt mussen och déi grenziwwerschreidend Aboen an Ticketen ugepasst ginn.

Leschten Update: 02.12.2019, 13:40:24

© Eldoradio

Den 1. Mäerz gëtt den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg jo gratis. Ma domat mussen och d'Abonnementer an d'Tickete fir de grenziwwerschreidenden Transport ugepasst ginn, déi jo zu engem Deel och op Lëtzebuerger Territoire gëllen.

Fir de Bus goufen esou d'Tariffer RegioZone1 an 2 ugepasst, dat deemno wéi wäit se vu Lëtzebuerg ewech sinn. Esou geet e Joresabo z.B. vu 750 Euro op 360 Euro fir d'Zon 1 erof.

Weider heescht et vum Verkéiersverbond, dass Joresaboen, déi theoretesch den 29. Februar 2020 iwwerschreiden net rembourséiert ginn.

Links