NewsKeyless-Autoen um Briddel, zu Mamer a Rodange geklaut

Déi lescht Deeg goufen nees méi Autoe geklaut, déi mam sougenannten Keyless-System equipéiert sinn.

Leschten Update: 02.12.2019, 15:29:53

© Unsplash

E Méindegmueren huet e Bewunner an der Lonkecher Strooss zu Rodange festgestallt, datt säin Auto virun der Hausdier geklaut ginn ass. Wéi d'Police schreift handelt et sech ëm ee groen Toyota Landcruiser mat der Lëtzebuerger Plackennummer MR2207.

E Sonndeg géint 23 Auer gouf um Briddel e bloe Lexus RX450H mat Lëtzebuerger Plackennummer RK5559 geklaut. Deen nämmlechte Modell gouf dann och schonn an der Nuecht vun e Freideg op leschte Samschdeg an der Areler Strooss zu Mamer geklaut. Hei handelt et sech ëm e wäisse Lexus mat der Lëtzebuerger Plackennummer GR6351.

Wéi d'Police ergänzt handelt et sech bei all Gefier ëm ee Keyless-Modell. An deem Sënn mécht d'Police op en Neits drop opmierksam, op wat ee bei Autoe mam Keyless-System oppasse muss. Den Detail gëtt et hei!