News17 Fäll vu sexueller Belästegung 2018 gemellt

Bei der ITM sinn zejoert 17 Fäll vu sexueller Belästegung gemellt ginn. Entspriechend Campagnë sollen op d'Problematik opmierksam maachen.

Leschten Update: 02.12.2019, 18:37:49

© dpa/dpa/picture-alliance/Frank May

D'Gewerbeinspektioun krut 2018 17 Fäll vu sexueller Belästegung gemellt. Dat geet aus enger parlamentarescher Äntwert vum zoustännege Ministère un d'Deputéiert Nancy Kemp-Arendt e Méindeg ervir.

D'Regierung denkt de Moment net iwwert eng entspriechend Helpline no, ma um Internetsite vun der ITM géife Betraffener déi néideg Informatioune fannen. Den Online-Site violence.lu ass an deem Sënn iwwerschafft ginn.

Donieft leeft nach bis zum Enn vun der sougenannter "Orange Week" déi zweet Sensibiliséierungscampagne fir dëst Joer. Weider gouf eng entspriechend Campagne an de Medien a sozialen Netzwierker lancéiert.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert!