
© SERGEI ILNITSKY / POOL / AFP
A Russland kënne Journalisten, Blogger an Notzer vu soziale Medien an Zukunft als "auslännesch Agenten" klasséiert ginn.
De President Putin huet dozou een Zousaz zu engem Gesetz vun 2017 ënnerschriwwen.
Elo kënne Journalisten, Blogger an Notzer vu soziale Medien méi streng iwwerwaacht ginn.