NewsBallon d'Or fir Lionel Messi a Megan Rapinoe

De Lionel Messi huet säi 6. Ballon d'Or gewonnen.

Leschten Update: 03.12.2019, 09:25:39

© Marco Bertorello / AFP

De Weltfussballer Lionel Messi (Argentinien) an d'Fussballweltmeeschterin Megan Rapinoe (USA) sinn zu Paräis mam Ballon d'Or ausgezeechent ginn.

Den Argentinier Lionel Messi (32) vum spuenescher Meeschter FC Barcelona huet sech bei der vu Fachjournalisten aus der ganzer Welt duerchgeféierter Wiel virum Champions League Gewënner Virgil van Dijk (Holland) vum FC Liverpool, dem Portugis Cristiano Ronaldo (Real Madrid) an dem Senegales Sadio Mané (Liverpool) duerchgesat.

D'Weltfussballerin Megan Rapinoe (34) huet virum Lucy Bronze (England) an hirer Landsfra Alex Morgan gewonnen.